Turnéier zu Koblenz de 17. Oktober 2026 mat eiser U11
22nd October 2026
HC Berchem


Obwuel mir mat enger klenger Ekipp vun 8 Spiller ugetruede sinn, hu mir e flotten Dag an der Beatushalle verbruecht. Besonnesch wat d’Erfarungen an d’Kompetitioun op engem sportlech héijen Niveau ugeet, konnte mir vill mat heem huelen.
De sportlechen Ufank konnt sech weise loossen: eng Victoire géint den HSC Coburg, en exzellente Remis géint de spéidere Finalist HC Koblenz an eng batter Néierlag mat nëmmen engem Gol Ënnerscheed géint d’Rhein-Neckar Löwen. D’Halleffinall hu mir domat nëmme ganz knapp verpasst.
Duerno gouf et méi schwéier, an déi nächst zwee Matcher hu mir däitlech verluer. Zum Ofschloss si mir ganz gutt an de Match ëm déi 5. Plaz géint d’MT Melsungen gestart. No engem knappe Pause Réckstand vun 7:8, war de Rimm leider erof an et ass net méi esou gelaf, wéi mir eis dat erhofft haten.
Gewonne gouf d’Turnéier vun enger impressionant gutt forméierter Ekipp vu Bayer Dormagen. Eis U11 ass op eng 6. Plaz komm vun am Ganzen 8 Ekippen.
Mee grad Deeg wéi dës bréngen eis weider! Mir léieren a wuessen als Ekipp nach méi no zesummen.
