Olivier GOERGEN - sportif méritant


02 October 2022

Leschten Donneschden, den 29ten September 2022, huet d'soirée des récompenses am Sportlycée statt fonnt. Mir gratuléieren dem Olivier GOERGEN deen als sportif méritant ausgezeechent ginn ass. Als Begrënnung fir déi Auszeechnung goufen, niewent senger sportlecher Leeschtung, seng Kampf- an Asazbereetschaft an seng Virbildfunktion um an ausserhalb vum Terrain ervir gehuewen. Et goufen och déi ganz gutt Performancen mat der U18 an U20 Nationekipp a mat der Ekipp vum Sportlycée an der Saison 2021-2022 ernimmt.