M18 EHF Championship 2022 zu Riga a Lettland


08 August 2022

Eis U18 Männer Nationalekipp as op Riga geflunn, wou vum 8. bis 14. August d'U18 Championships stattfannen.

 

Den HC Berchem as duerch 4 Spiller vertrueden (GOERGEN Olivier, PHILIPPART Louis, MEYERS Kell an WENER Oskar). Weiderhin sin nach 2 fréier Jugendspiller dobäi déi mëttlerweil an Däitschland spillen (KAYSEN Luke an KREISELMAIER Vincent). Am Staff ass dann mam Sandra nach eng weider Persoun vum HC Berchem mat dobäi  

Hir Géigner sinn an der Qualifikatioun : D'Belsch an d'Schwäiz.

Den éischte Match ass en Dënschdeg (9. August) um 17:00 Auer Lokalzäit (also 16:00 Auer Lëtz. Zäit) géint d'Belsch.

All d'Matcher kënnt dir op EHFTv ehftv.com/home

#Evergreen