EHF European Cup / 1. Tour


19 July 2022

UPDATE

Den 10ten September spillt den HC Berchem um 18 Auer zu Crauthem geint Hurry Up fir dann den 17ten September an Holland unzetrieden.

Am 1. Tour vum EHF European Cup spillt den HC BERCHEM géint HURRY UP aus Holland. Géint déi Equipe hunn mir schonn an der Saison 2015/2016 gespillt an sinn do no enger 30-32 Defaite an Holland an enger 29-27 Victoire doheem eng Ronn weider komm.
HURRY UP as an der ofgelaafener Saison op déi 5. Platz an hirer Liga komm. Normalerweis spillen mir den éischten Match den Weekend vum 9.-11. September doheem an missen dann um Weekend vum 16.-18. September an Holland untrieden.