Ehemalige Spieler


12 January 2022

Nominéierung fir d'polnesch nationalequipe!

Den Ariel Pietrasik steet am Kader vir d'Handball Europameeschterschaft déi ab Muer an Ungarn an der Slowakei stattfënnt. No gudde Leeschtungen an de verschiddenen Testmatcher huet de polneschen Trainer Patryk Rombel den Ex-Bierchemer definitiv nominéiert. Polen spillt an der Gruppephase e Freide géint Éisträich, e Sonde géint Däitschland an Dënschdes géint Wäissrussland. De ganze Veräin wënscht dem Ariel vill Erfolleg vir säin 1. grouss Turnéier.